Versandsgarantie
Zefriddenheetsgarantie
Liewensdauer-Drockgarantie
Verluer beim Gestalte vun dengem
perfekte T-Shirt?
Probéier eisen neien KI-Bildgenerator aus – aktuell just verfügbar an der Desktop-Versioun vun eisem T-Shirt-Designer. Gëff einfach en Text an, fir däin eegent, eenzegaartegt Bild ze generéieren – genau esou wéi’s de et gären op dengem T-Shirt häss
Tipps fir ze benotzen
eisen KI-Generator
Benotz e kuerzen Ausdrock (Prompt) fir d’Bild ze beschreiwen, dat’s de wëlls erstellen. Beschreif sou genau wéi méiglech, wat’s de wëlls gesinn an net nëmme fir wat’s de et benotze wëlls..
D’KI benotzen däin Text fir e Bild ze generéieren, dat se menge wat deem entspriecht wat’s de gären häss.Du kanns schonn e Bild mat engem eenzelt Wuert wéi „Kaz“ generéieren, mee et ass net geséchert, datt et genee dat wäert si wat’s de dir virgestallt hues.Wat méi präzis deng Beschreiwung ass, wat d’Resultat méi genee gëtt.
Hal deng Texter einfach a präzis.
Beispill
Texter
Eng schéi Fra am Summer
E Wollef mat Kopfhörer op den Oueren
E Gorilla mat roude Faarf-flecken am Gesiicht.
Stil vun dengem
Bild
Wann’s de eng Iddi hues vum Stil oder vun de Faarwen, kanns de se einfach an dengem Text mat uginn, z.B.Linien Stil, Skizz, Waasserfaarf, Pixel Stil, Graffiti, Block colour asw....
Beispill
E Chrëschtbeemchen, ëmgi vu Kaddoen, wärend Chrëschtdag..
... mat Waasserfaarwen
... als Graffiti
…am fotorealistesche Stil
Bild
Stëmmung
Du kanns d’Stëmmung vun dengem Bild beaflossen, andeems de eng Emotioun an dengem Text ugëss, wéi zum Beispill: 'eng glécklech Kaz', 'Eng Dauf déi duercherneen ass' oder 'e léiwen Draach'.
Sief
kreativ
Fir déi bescht Resultater ze kréien, stell dir d’Bild vir dat’s de wëlls, beschreif et der KI a kuck wat erauskënnt… Probéier et einfach aus!
Grenze vun der
KI
Och wann den KI-Generator génial Biller mécht, versteet hie kee geschriwwenen Text. Fir de KI ass Text just eng Rei visuell Zeechen ouni Bedeitung, e kann net liesen. Am beschten ass et, Vermeit Uweisungen, déi Logoen oder Texter am Bild sollen enthale am Design selwer. Glécklecherweis hu mir en exzellenten Texteditor am T-Shirt-Designer. Fir de beschten Design ze maachen, generéier e Bild mat der KI, füg et an dengem T-Shirt eran a setz däin Text mat dem Text-Wierkzeug am T-Shirt-Designer dobäi.